Dikricher Naturhunneg: Nodeems d’Claudine 2010 d’Beiecoursen vum Dikricher Beienveräin matgemaach hat, hu mir am Fréijoer 2011 mat engem Stack ugefaang. No a no hu mer selwer weider Völker gezillt. Eis Stäck stin um Rand vun Dikrich, laanscht d’Häng vum Sauerdall, wou vill wëll Blummen, Kraider, Uebstbeem a Bësch ronderëm sin. Den Hunneg huet doduerch am Laf vum Beiejoer ëmmer aner Aromen. D’Beien sin ee wichtegt Element an enger gesonder Natur. Andeems dir lëtzebuerger Beienhunneg kaaft a genéisst, hëlleft dir mat, dat eis d'Beien erhalen bleiwen. Claudine a Frank Thillen-Reiser

Ee grousse Merci un d' Maison de Soins Sacré-Coeur Diekirch, wou d'Beien am Bongert stin.

Kontakt: